Claude Turmes
Ech wëll mech hei am Europaparlament asetze fir eng méi friddlech Welt, eng Welt, déi no de Weltkricher, nom kale Krich net an en drëtten oder véierte Weltkrich erarutscht, eng méi gerecht Welt, op där all Mënsch, egal vu wéi enger Rass oder Faarw, eng besser Chance op e gutt Liewen huet, an där d'Verdeelung vu Räichtum och méi gerecht geschitt, wéi an der Vergangenheet. Awer och eng Welt, déi am Aklang ass matt Natur an Ëmwelt. Grad dest ass an dësem Joerhonnert eng grouss Erausfuerderung, sief et duerch d'Klimaverännerung oder d'Geforen, déi durch d'Atomreakteren op eis zoukommen. Well all des Erausfuerderungen net méi nemmen op lokalem an nationalem Niveau kënne bewältegt ginn, brauche mer en Europa dat an die richteg Richtung schafft.